Translating:Neie Projet
Translatewiki.net wëllt wuessen
Mir sichen no weidere Projeten! Zéckt net fir eis ze kontaktéieren a mat eis ze diskutéiere wéi Äre Projet op translatewiki.net kann derbäigesat ginn. Mir schätzen d'Aarbecht vun eise fräiwëllegen Iwwersetzer, dat heescht mir sichen no gudde Projeten, déi an der absehbarer Zukunft aktiv developéiert ginn. Mir ënnerstëtzen och d'Kommunikatioun tëscht den Iwwersetzer an den Entwéckler. Hei drënner ass eng kuerz Lëscht déi ervirhiewt wat mir hoffe bei neie Projeten ze gesinn a wat fir Prozesser musse gemanaget gi wann de Projet bis akzeptéiert ass.
Mir brauchen...
Oppenheet | |
![]() |
Mir akzeptéieren nëmme Projeten, déi eng fräi an Open-Source Lizenz benotzen. Mir mussen eis entscheede wat mir direkt ënnerstëtzen. Wëll eis Originen bei MediaWiki a Wikimedia leien ass dat dat wichtegst fir eis. Wann eng Applikatioun net fräi ass, an Dir awer wëllt déi selwecht Software benotzen, da kuckt d' Dokumentatioun. |
Entwécklung | |
![]() |
Den neie Projet sollt aktiv weiderentwéckelt ginn an ee Versiounskontroll.System benotzen. Mir kenne schonn CVS, Subversion a Git. De Projet sollt periodesch nei Versiounen erausbréngen oder en anere System hu fir d'Iwwersetzungen z'aktualiséieren. D'Zäit fir d'Iwwersetzungen ëmzesetzen sollt minimal sinn. Et gëtt verschidde Manéiere fir d'Iwwersetzunge méi séier ëmzesetzen, déi mir diskutéiere kennen. |
Integratioun | |
![]() |
Soubal wéi Inhalt fir Äre Projet op tranlatewiki.net iwwersat ginn ass, setzt d'Ekipp vun translatewiki.net d'Ännerungen an Äre Projet. Dat erfuerdert eng Prozedur fir eng Sprooch derbäizesetzen. Translatewiki.net brauch Zougang fir Ännerungen an Äre Projet schécken ze kënnen (z. Bsp. Accès zu direkten pull oder push Ufroen) oder Zougang zu enger Branch déi iwwerwaacht gëtt an duerno an de Projet gemerged gëtt. Dat garantéiert datt d'Aarbecht vun den Iwwersetzer reegelméisseg integréiert gëtt. |
Mir si begeeschtert ...
il8n-Ënnerstëtzung | |
![]() |
Mir ënnerstëtzen nëmmen den UTF-8-Zeechesaz. Ënnerstëtzung am il8n-System fir Programmer mat Variabelen, mat méi verschiddene Méizuelen a riets-no-lénks Sproochen gi bevirdeelegt. D'Ënnerstëtzung fir grammatesch Formen ass Eppes vun deem mir mengen datt et ëmmer sollt berücksichtegt ginn, d'selwecht wéi d'Ënnerstëtzung fir geschlechtsspezifesch Formuléierungen do wou de Benotzer direkt ugeschwat gëtt oder do wou aner Benotzer an den Interface-Texter ugeschwat ginn. |
Kommunikatioun | |
![]() |
Een Entwéckler vum Projet sollt op translatewiki.net aktiv si fir Froen ze beäntweren, iwwer nei Versiounen z'informéieren, d'Koordinatioun mat den Entwéckler vum Projet ze maachen, asw. Eis Vu vun der Lokalisatioun funktionéiert am beschte wann d'Wësse sou fräi wéi méiglech tëscht der Gemeinschaft vun den Entwéckler an der Gemeinschaft vun den Iwwersetzer fléisst. D'Verbindung mam Projet spillt eng grouss Roll an deem Ganzen. |
Fichiersformater | |
![]() |
Den translatewiki.net System baséiert op Iwwersetzungs-Ficheren. D'Benotze vu Fichiersformater déi op Standarden wéi Java-Proprietéiten oder Ruby-style YAML baséieren hu mir am léifsten. Aner ënnerstëtzt Fichierformater sinn PHP-Tableauen, PHP-Variabelen an Getttext. Wann Dir en anere Format benotze wëllt dann deelt eis dat mat; no eiser Erfarung ass et relativ einfach fir een dee PHP beherrscht fir d'Ënnerstëtzung vun engem anere Format ëmzesetzen. |
Still interested? Good. You can contact us via,
- Our issue tracker - Phabricator. Fill out the project information section on this task template.
- Our support page. First, create an account as a developer (using the Can't submit some translations right now? option) on the homepage, wait for your account to be approved and then create a support ticket.
If you want to explore some more first, then try the localisation for developers page.