MediaWiki:Optin-improvements/lb

From translatewiki.net

Wat gouf verbessert?

Screenshot vun den neien Navigatiouns-Tabs
Screenshot vun den neien Navigatiouns-Tabs
Erweidert Navigatioun

Dat neit Navigatiounssystem mécht et net nëmme méi einfacher fir ze gesinn, wou een ass a wat ee mécht, mä e weist och wuer ee goe kann. Mat der Sichkëscht uewe riets am Eck gëtt d'Fanne méi einfach a méi séier.

Screenshot vun der erweiderter Ännerungs-Toolbar
Screenshot vun der erweiderter Ännerungs-Toolbar
Verbesserunge vun der Ännerungs-Toolbar

Nei a verbessert Symboler maachen et méi kloer, wat fir eng Aktioun hanner all Tool stécht. Abschnitter déi opgeklappt kënne ginn reduzéieren den Duercherneen, während seele genotzten Toolen nëmmen ee Klick ewech sinn. Den Abschnitt mat der Hëllef erlaabt e séieren Zougrëff mat déi am dackste benotzte Wikisyntax.

Wéi Dir matmaache kënnt

Fir méi iwwer dëse Projet gewuer ze ginn oder fir matzemaachen, gitt wgl. op d'Benotzerfrëndlechkeets-Initiative Wiki. Do fannt Dir Informatiounen iwwer eise Finanzement, eis Recherche, eisen Design, eis Entwécklung an déi verschidde Versiounen. Fir Froen ze stellen oder en allgemenge Feedback ze hannerloossen benotzt wgl. eis Prototyp-Diskussiouns-Säit. Fir méi präzis Sujeten ze diskutéieren benotzt wgl. déi jeeweileg Diskussiounssäiten. Wann Dir Feeler fannt da mellt eis déi wgl. op der Babaco release Diskussiounssäit oder andeem Dir Bugzilla benotzt.

Merci a mir freeën eis fir vun Iech ze héieren!