Technologie

From translatewiki.net
This page is a translated version of the page Technology and the translation is 91% complete.


translatewiki.net benotzt verschidden Hëllefstechnologië fir d'Iwwersetzungsaarbecht méi séier ze maachen a gläichzäiteg e bessert Resultat ze kréien; kuckt den Iwwersetzungs-Tutorial an d'Dokumentatioun am Generellen fir méi Informatiounen iwwer d'Iwwersetzungssoftware, net spezifesch fir dëse Wiki.

Iwwersetzungshëllefen

Déi einfachst Iwwersetzungshëllefe si just eng Sammlung vu potentiell nëtzlechen Informatiounen

Iwwersetzungen an aner Sproochen
Dir kënnt all Sprooch auswielen, déi Dir beim Iwwersetze gesi wëllt. Iwwersetzungen an déi gewielte Sprooche ginn ugewise, wann et se scho gëtt. Iwwersetzungen an eng änlech Sprooch ginn Iech Iddie fir Wierder a grammatesch Strukturen. Oder Dir benotzt et einfach fir méi iwwert eng aner Sprooch gewuer ze ginn!
Dokumentatioun vun de Messagen
An all Software gëtt et sou komplizéiert Messagen, déi schwéier ze verstoe sinn, souguer am Kontext. D'Chance sti gutt, datt et fir dës Message schonn eng nëtzlech Dokumentatioun op translatewiki.net gëtt. Souguer wann et se net gëtt, hëllefe mir Iech fir se ze kréien. Schreift einfach Är Ufro op eis Support-Säit. D'Dokumentatioun informéiert Iech iwwer de Kontext (Knäppchen, Titel), den Inhalt vu Variabelen an alles, wourop Dir soss nach oppasse musst beim Iwwersetzen.
Syntaktesch Kontrollen
Mir hunn einfach Kontrollen implementéiert, déi Iech warnen, wann Dir kleng Feeler maacht, wéi z. Bsp. onbenotzt oder onbekannt Variabelen, falschen HTML-Markup oder net equilibréiert Klameren. Dës kleng Feeler kënnen dacks dozou féieren, datt d'Säit net korrekt ugewise gëtt oder net richteg funktionéiert, dofir ass et wichteg sou Feeler fréi ze fannen.
Glossaire
Translators have easy access to agreed upon translations when translating. We provide tools to manage a glossary in each language. Discussions can be opened for terms without a clear translation.

Iwwersetzungstechnologien

Dëst si méi avancéiert Technologien, déi vun de leschten Entwécklungen an de Beräicher vun der Informatik an der Sproochtechnologie profitéieren.

Iwwersetzungsspäicher
Den Iwwersetzungsspäicher hëlleft Iech fir méi koherent Iwwersetzungen ze maachen a beschleunegt d'Iwwersetze vun änlechen a repetitive Messagen. Eisen Iwwersetzungsspäicher gëtt vun allen ënnerstëtzte Projete gedeelt.
Maschinneniwwersetzung
We integrate machine translation services to speed up translating. The list of supported providers and supported languages can vary over time.