Aleedung

From translatewiki.net
This page is a translated version of the page Translating:Intro and the translation is 100% complete.
translatewiki.net
Aleedung
Benotzerhandbuch
Translation tutorial
Wéi ufänken
Kuckt och
Iwwersetzungsrichtlinnien
Offline
FAQ
Hëllef

Aleedung

Iwwersetzung a Lokalisatioun ass generell wichteg, well si et Leit erlaabt déi keen Englesch kënne fir Computer-Software ze benotzen. MediaWiki gëtt zum Beispill benotzt fir d'Wikipedia a ville Sproochen ze bedreiwen, an dofir hëlleft d'Iwwersetze vu MediaWiki ville Leit Zougang zu fräiem Wëssen an hirer Sprooch ze kréien. Méi iwwer d'Konditioune fannt Dir op Text vun der Dokumentatioun kréien an op Wikipedia.

Hei op translatewiki.net bauen a verbessere mir stänneg d'Infrastruktur fir einfach Lokalisatioun vun Open Source Projeten a fräi geschriwwenen Dokumenter. Mir versichen eis zwee Ziler z'erreechen.

Eist éischt Zil ass Effizienz. Fir d'Effizienz vum Prozess z'erhéijen schaffe mir um Entwécklungsprozess vun der Software fir kuerz turn-around-Zäiten ze hunn. Desweideren entwéckele mir Software fir d'Integratioun vun Iwwersetzungen z'automatiséieren. Dëst erlaabt et den eenzelenen Iwwersetzer fir sech just op déi bescht méiglech Iwwersetzungen ze konzentréieren.

Eist zweet Zil ass Zesummenaarbecht. De ganze System ass op eng Wiki opgebaut. MediaWiki ass de populäre Moteur deen de Kader liwwert fir kollaborativ Gemeinschafte liwwert. Mir encouragéieren Iwwersetzer fir een deem Aneren ze hëllefen op verschidde Manéieren iwwer d'Grenze vu Projeten a Sproochen an als Colle tëscht Entwéckler an Iwwersetzer z'agéieren.

Dir braucht net programméieren ze kënnen. Wann Dir mat der Wiki-Software vertraut sidd, da léiert Dir séier wéi een translatewiki.net benotzt. Déi eenzeg Ufuerderunge si gutt Kenntnisser vu Sproochen, Web-Browser an en oppene Geescht.

D'Flagschëff vun de Projeten op translatewiki.net – MediaWiki – gëtt elo a méi wéi 300 Sprooche benotzt. Translatewiki.net kritt Aktualisatiounen a méi wéi 100 Sproochen all Mount.