Translating:How to start/lb

From translatewiki.net
This page is a translated version of the page Translating:How to start and the translation is 100% complete.
translatewiki.net
Aleedung
Benotzerhandbuch
Translation tutorial
Wéi ufänken
Kuckt och
Iwwersetzungsrichtlinnien
Offline
FAQ
Hëllef

Éischt Schrëtt

Fir unzefänke braucht Dir fir d'éischt ee Benotzerkont. Ee Benotzerkont ze kreéieren dauert manner wéi eng Minutt an déngt dozou fir novollzéien ze kënnen, wourunner Dir geschafft hutt.

Wann Dir Äre Benotzerkont kreéiert, musst Dir fir d'éischt e puer Testiwwersetzunge maache fir sécherzestellen, datt Dir e grondleeënd Verständnis vun der Sprooch hutt. Dës Iwwersetzunge ginn net verëffentlecht, mee se gi mat eeleren Iwwersetzunge vun zouverléissege Benotzer verglach, ier Dir d'Recht kritt Live-Messagen z'iwwersetzen. Dat heescht, datt dann déi iwwersate Messagen nom nächsten Update vum Programm resp. der Websäit benotzt ginn!

A Konktakt bleiwen

Op Support kënnt Dir alles froen oder virschloen.

D'Portal an der Sprooch vun Ärer Benotzeruewerfläch (z. B. Portal:lb fir Lëtzebuergesch) ass eng zentral Plaz, wou Dir Informatiounen an Aktivitéitsstatistiken iwwert d'Sproochcommunautéit gesi kënnt. Et ass och d'Plaz, wou Dir mat aneren Iwwersetzer vun derselwechter Sprooch kommunizéieren an iwwer Terminologie asw. diskutéiere kënnt.

Mat Special:WebChat an Ärem Webbrowser kënnt Dir Iech mat onsem IRC-Channel verbannen. Weider Informatiounen iwwer IRC fannt Dir ënner m:IRC. Kuerz gesot: Dir kennt an Echtzäit mat den Entwéckler an de Mataarbechter vun translate.wiki diskutéieren – virausgesat, datt mir zu där jeeweileger Zäit do och aktiv sinn.

Ufänke mat Iwwersetzen

Nodeem Dir d'Recht kritt hutt fir z'iwwersetzen, ass Ären Ausgangspunkt warscheinlech den Iwwersetzungs-Tool, deen all déi verfügbar Gruppe vu Messagen oplëscht, déi mir hunn. Déi meescht Iwwersetzunge gi mat deem Tool gemaach, kuckt den Tutorial.

Kuckt och d'Projetssäiten vun der Software, déi Dir iwwersetzt, do kann et nämlech wichteg Instruktiounen an Hiweiser ginn. D'Projetssäite sinn am kuerze Resumé uewen am Iwwersetzunginterface verlinkt.